​Politik huet mech interesséiert, well d’Mënschen an d’Liewensbedingungen vun de Mënschen mech interesséieren.

Gepraegt huet mech d’Schicksal vun mengem Papp, Invalide de guerre, an zwée Monnien, déi zu Tambow wâren.

Gepraegt hu mech d’Fraen a menger Famill, eng Boma, déi wéi vill Mêedercher op Parais an den Dengscht gângen ass an eng Mamm, déi nom Doud vu mengem Papp “minderjaehreg” gin ass, well d’Gesetz vun der rechtlecher Gleichstellung teschent Fraen a Maenner eréischt 1972 gestëmmt gin ass

Mat 17 Joer hun ech mech fir d’éischte Kéier méi aktiv engagéiert, zu Weimerskirch an der Uniao. Dât war eng Veréenegung vun Letzebuerger an Portugiesen, déi zesummen Aktivitéiten ugebueden hun fir d’Integratioun vun de portugieseschen Familjen méi einfach ze mân.

Politesch a menschlech beandrockt huet mech 1974 den Kontakt an der Uniao mat chilenesche Fraen a Maenner, déi virun der Pinochet-Diktatur aus hirem Land gefluecht wâren an zu Letzebuerg politeschen Asyl kruten. Et war fir d’éischt, dass ech aus Mond vun Betraffenen héieren hun, wat et héescht, Willkür a Folter ausgesât ze sinn.

Nom Lycée sin ech op Lëck an d’Héichschoul gâng an hun mein Diplom als Assistante sociale gemât. Mein Mémoire hun ech geschriwwen iwwert den Thema vun den Interruptions volontaires de grossesse. Zeitgleich ass zu Letzebuerg an der Chamber 1978 iwwert d’ Gesetz zur Sexualopklaerung en IVG ofgestëmmt gin. 34 Joer méi spéit sinn zum Déel déi selwecht Argumenter benotzt ginn, fir d’Adaptatioun vum Gesetz ze fuerderen oder ofzeléenen. Ech hun mei Mêmoire nêes erausgeholl a gelies. Selbstbestëmmung vun der Fra iwwert hiere Kierper, Garantie vun Neutralitéit an der Berodung, obligatoresch Ubidden (wëll net héeschen Benotzen!) vun engem Gespréich, regelméisseg Informatiounskampagnen iwwert Contraceptioun. Déemols wéi haut.

Zreck zu Letzebuerg hun ech berufflech e puer Etappen gemât :

  • vun 1981 bis 1986 war ech Assistante sociale am Office social vun der Stâd Letzebuerg.
  • duerno hun ech ënnert der Präsidentschaft vun der Madame Viviane Ecker bei Femmes en détresse asbl den Centre de formation pour femmes et familles monparentales, den Naxi-atelier an den Service krank Kanner opgebaut. Dât am Kader vun europäesche Programmer.
  • 1996 sin ech op Béetebuerg an de Gleichstellungs-service vun der Gemeng schaffe gang an hun och do mat menger Kollegin, dem Arlette Err, mat Hellef vun europäesche Programmer konkret Projeten fir Mënschen entweckelt : Computercouren, Berodungs- an Ausbildungsservicer fir Femmes rentrantes an Dageselteren,....
  • Parallel hun ech an der ComputerSchoul sàrl  e.a Programmen fir e-letzebuerg entweckelt, déi gemënst wâren Internetstuffen unzestoussen. Dës Aktivitéit mat motivéierten Mënschen huet Spass gemât.
  • Vun 2006 bis 2012 hun ech op der Adem geschafft. Fir d’Reform vun der Adem unzekiepen, hun ech als Member vum Comité de direction mat den Matarbechterinnen a Matarbechter konkret Reformvirschléi ausgeschafft, vun déenen e grousse Déel elo ëmgesât sinn a gin. Besonnesch um Haerz louch mer de Projet vun dem Call center, dem Telefonsdingscht, wou mer sur mesure eng Ausbildung gemât hun fir Fraen a Maenner, déi de statut vun der Personne handicapée hun.
  • Bis den 1. Juli 2017 hun ech als Conseillère de Gouvernement op dem Ministère du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale et solidaire geschafft. Reformen fir den den Secteur vun den salariés handicapés déi ech no vir gedreckt hun, sin an der Réalisatioun. Am Comité du travail féminin an am Comité interministériel à l’Egalité konnt ech meng Sachkenntnis an Gleichstellungsfroen mat abrengen .

A menger Fraizait schaffen ech a verschiddenen Ong’en an Gremien mat. Dozou gehéieren den Office social vun der Stad Letzebuerg, d’Commission sociale an d’Commission culturelle vun der Stâd Letzebuerg, Solidarité Jeunes asbl, Jongenheem asbl, Aarbechtshellef asbl,...

 

Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: