Dem Jos Steichen seng Geschicht - eng Jugend a Krichszeiten
2.9.2013  ●  0 Kommentaren

​Geschicht vun engem Jugendlechen vun Weimerskirch am Joer 1942

 

​De Jos STEICHEN gouf den 7. Oktober 1924 zu Weimeschkiirch gebuer. Hien hat nach e Brudder den sechs Joër méi aal, an eng Schwëster déi fënnef Joër méi jonk waren ewéi hien. De 15. Februar 1936, de Jos Steichen hat nach keng 12 Joër, as séi Pap un énger Longenentzündung gestuerwen. Den 15. September 1939 huet hien eng Léier als Schlesser zu Dummeldeng am -Institut Emile Metz- ugefang, déi normalerweis am September 1942 mat enger Geselleprüfung sollt ofschléissen. Ma d’Schicksaal hat et anescht mat dem Léierbouw virgesin. Esou as d’Gesellestéck eréischt 30. Januar 1946 présentéiert gin. An der Zäit vum 1. September 1942 bis den 5. November 1945 huet de Jos Steichen d‘ Hell op dëser Welt erliewt:

-          Nom Amarsch vun der déitscher Wehrmacht den 10 Mee 1940 an eisem lëtzebuerger Ländchen, huet de Gauleiter den 30. August 1942 Zwangsrekrutéirung vun der lëtzebuerger Jugend proklaméiert. Dëst as awer bei der lëtzebuerger Bevölkerung ganz schlecht ukom an den 31. August 1942 as am ganzen Ländchen e Generalstreik ausgebrach. Och eise Léierbouw, nach kéng 18 Joër aal, huet sech aktiv un dem Streik bedeelecht. Esou stong hien moiës beim Eecher Spidol an huet versicht fir d’Aarbechter vun der Fréischicht ze iwweriëden, sech um Streik ze bedeelegen.

-          Der VdB (Volksdeutsche Bewegung), déi hire Sëtz just vis-à-vis vun der Eecher Klinik hat, as dem Bouw séng Aktioun natiirlech opgefall, an esou koum et dann och, dass de Jos Steichen den 1. September 1942, wéi en op d’Aarbecht sollt goën, schons vun der Gestappo an Leit aus der Hitlerjugend erwaart gouw. Mat engem Auto as et dun an déi berühmt- berüchtet Villa Pauly gaang, wou en no zwou laange Stonnen angstvollem Waarden verhéiert gin ass.

-          Uschléissend gong de Wee aus der Villa Pauly direkt an de Gronn an de Prisong, wou hien zwee Deeg an enger Betongszell vun 1,2 x 2,2 Meter verbruecht huet fir duerno op de Korridor an d’Zell 31 verluergt ze gin.

-          Verurteelt gouf de Jos Steichen vum Standgericht zou „Jugenderziehungslager“, „Arbeitsdienst“ an „Dienst in der Wehrmacht“. Sengem jonken Alter as et ze verdanken dat hien dem Doudesurteel entgaangen as.

-          De 24. September 1942 gong et dun mat engem Bus vun der Staad Lëtzebuerg, mat 33 anere jonken Gefaangenen op Ruwer bei Tréier an en „Erziehungslager“. Dëst wor méi e Strooflager wou déi jonk Lëtzebuerger getriitzt a geschlaff gouwen.

-          An der Nuecht vum 6. op den 7. Oktober 1942, op dem Jos séngem 18. Gebuertsdaag, as et mam Zuch op Lëtzebuerg gaang, a vun hei direkt op Gotenhafen (Gdingen,Gdynia) a Polen an den „Arbeitsdienst“ (RAD).

-          Enn Dezember 1942 as de Jos Steichen aus dem „Arbeitsdienst“ entloos gin an direkt an d’ „Wehrmacht“ gestach gin. An der Kassär zu Stuttgart-Zuffenhausen huet hien eng Grondausbildung als Infanterist gemaach.

-          Am Juni 1943 as de Jos dun un d’Front bei Dolbino, 50 km vun Bjelgorod ewech, verluecht gin. Schons laang hat hien sech virgeholl, bei der éischt beschter Geleënheet bei d‘Russen iwwerzelaafen. Hei gouf hien an 6. Panzerdivisioun gestach. Hei waren si zu 25 Lëtzebuerger, ënner aneren, de Josy Bailleux (e Student vun Iechternach, deen, nodeems hien beim Streick verhaft a verurteelt gouf, iwwer d‘ „Burg Stahleck“ séin Kréizwee huet missen untrieden). Zu véier lëtzebuerger Jongen koumen si an drëtt Kompanie.

-          Den 5. August 1943, bei de schwéiere Kämpf em Bjelgorod, bei der Uertschaft Dolbino, ca. 60 km nordöstlech vun Charkow ewech; déi zwee Josyën louchen ca. 150 m hanner enger déitscher Flak, déi permanent vun russesche Flieger ugegraff gouff. Wéi hir Kompanie sech lues zeréck gezun huet, hun déi zwee d’Geleënheet genotzt fir bei d‘ Russen iwwer ze laafen. Si hun sech an engem Mäisfeld, dat no bei hirer Stellung war, verstoppt bis et eppes méi roueg gouf. Kuurz drop hun sie sech éngem russeschen Zaldot, e Mongol ergin.

-          No éngem Verhéier gong et dun mat engem Auto op eng éischt Sammelplatz, wou se owens géint 10 Auer ukoumen, an do nach zwee aner lëtzebuerger Kompaniekomeroden (Schonkert a Manternach) ugetraf hun.

-          Den Daag drop as et dun mat deenen anere Gefaangenen zu Fouss, 10 km bis an déi nächst Uertschaft gaang. Den Robert Manternach, den beim Iwwerlaafen, vun den Preisen sëlwer, schwéier verwond gouf, konnt de Wee net méi zu Fouss maachen. Hien ass vun senge Matgefangenen de ganze Wee op enger, vun sengen Komeroden selwer fabrizéierter primitiver Brëtsch gedroë gin.

-          9. - 16. August 1943, de grousse Marsch, ca 180 Gefangener, 200 km zu Fouss, op plakege Féis, iwwer Feldweer a Stoppelfelder, bis op Stareoskol.

-          16. – 19. August 1943, waren si an dëser Staadt. An der Zwëschenzäit war d’Zuel vun de Gefaangenen op 800 geklomm.

-          19. – 25. August 1943, mam Zuch, an Véihwaggonën, zu 45 Mann pro Waggon, dobaussen eng schrecklech Hëtzt (30° am Schiët), as et Richtung Regioun Tambow gaang, op Rada. Vun do gong et zu Fouss an d’Gefaangenelager N° 188 (TAMBOW), dat an engem Bierkebësch loug.

-          Wéi all Krichsgefaangenen huet och de Jos Steichen missen fir 14 Deeg an Quarantäen, et sollten jo nëmme keng ustiechend Krankheeten an Laager erakommen. Well weder d’Preisen nach d’Fransousen d’Lëtzebuerger an hire Braaken wollten, d’Lëtzebuerger awer op kee Fall bei d‘Preisen wollten, hun sie sech als Lëtzebuerger-Fransousen ausgin, esou koumen si alle Fënnef (Jos Bailleux, Nic Bidinger, Ed Koepfler, Jemp Schonckert a Jos Steichen, déi éischt Letzebuerger am Laager) bei d’Fransousen an d‘Braak 42.

-          No der Quarantäen huet de Jos sech an den Holzkommando gemellt, well hei d’Iessens-ratiounen méi deck sollten ausfaalen. Awer dat war derniewent gaang, den Deel den si sollten weider kréien, hun hir russesch Bewaacher sech ënner de Nol gerass (verständlech, well de Russ jo selwer och néischt hat).

-          Bei dëser schwéierer Aarbecht hat de jonke Prisonéier sech eng Verletzung am Réck zougezun, déi am Lager selwer net konnt behandelt gin. Mëtt September as hien dun, zesummen mat aneren Schwéierkranken, op engem Kamion an Tambow-Stadt gefouert gin. Hei koumen si an d‘Kasäer wou e Block den mat pikegen Droht ofgespaart war a wou d‘Spidol fir déi Gefaange war.

-          Hei hat de Steichen’s Jos d’Chance eng russesch Doktesch, am Grad vun engem Offizéier, kennen ze léieren, déi franséisch geschwaat huet. De jonke Mënsch huet sech bei hir als Lëtzebuerger-Fransous ausgin, an erklärt dat hien verschidden Ausbildungen als Sanitäter absolvéiert hat. Dës Formatioun an d‘Beherrschen vun der franséischer an déitscher Sprooch hun derzou béigedroën, dass hien no sénger Geneesung konnt am Spidol bleiwen. Hiën hat eng 10 Better wou hien déi Krank huet misse fleegen. Sin Lëtzebuerger ageliwwert gin, dann huet hien sech dofir bei der Doktesch agesaat, dass dës bei hien an de Sall koumen.

-          Am Dezember koum en Krankentransport aus dem Lager 188 (Tambow) am Spidol un. Ënner de Kranken, den Pip Bausch (Dr. Pierre Dominique Bausch) vun Eech, dem Noopeschduerf vu Weimeschkiirch, wouduerch déi zwee sech och gudd kannt hun. De Pip Bausch, deen mat der Ruhr ageliwwert gin a koum bei séi Kolleg op d’Statioun.

-          An der Zäit, wou hien op der Statioun als Sanitäter agesaat war, sin 13 Lëtzebuerger Jongen un hirer Krankheet an sengen Äerm gestuerwen. Nach haut kënnt hien nët doriwwer ewech, dass hien, nodeems hien aus der Gefaangeschaft erëm war an dene betraffenen Famillje wollt iwwert d’Lous vun hire Jongen Bescheed soën, vun der Sûretée, wéint Mangel u Beweiser, de Mond verbuede kruut. Ma wou Beweiser hir huelen, wann en als jonke Mënsch eleng en zwousch as wou ausser Aarmut a Missäer néischt as.

-          De Jos Steichen huet der Doktesch verzielt, dass de Pip Bausch Medezin géng studéieren. Nodeems dem Pip séng Krankheet esou wéit geheelt war, et war Mëtt Januar 1944 huet dësen dem Jos seng Plaatz ageholl. De Jos gouw awer net an d’Lager zeréck gescheckt ma kruut eng aner Aarbecht am Spidol zougewissen, ënner anerem huet hien déi Doudeg misse begruewen, Holtz sichen goën, oder op den zougefruerene Floss, Éis stiëche goën, dat dann an den Éiskelleren gelaagert gin as. Bei dëser Aarbecht as hien am Februar nees krank gin.

-          Mat 40° Féiwer an enger duubeler Longenentzündung as de Jos vu sengem Frënd Pip Bausch am Lazarett versouegt gin. Dësem huet hien et ze verdanken, dass hien, obschons d’Medikamenter am Spidol e raren Artikel waren, déi Pëllen kruut, déi et him erlaabt hun dëss liewensbedrohend Krankheet ze iwwerstoen, esou dass hien virun am Spidol konnt schaffen.

-          Abrëll/Mee 1944 huet déi russesch Arméi de Gefangenen hire Lazarettsblock fir hir Zaldote gebraucht. Zesummen mat der russescher Doktesch sin déi zwee lëtzebuerger Jongen, Steichen an Bausch, op Kirsanow gescheckt gin, fir hei an engem eeleren herrschaftlechen Haus d’Virbereedungen ze treffen een anert Lazarett anzeriichten fir d’Laager 188.

-          Enges Daags, nodeems nees e Krankentransport zu Kirsanow ukoum, huet sech d‘Noricht verbreed, d’Lëtzebuerger an d’Fransousen géiwen entlooss gin. De Jos Steichen an de Pierre Bausch sin dorobs bei Doktesch gaang, an hun si gefrot fir kënnen mat dem éischten Transport zereck an d’Lager kënnen ze goen. D’Doktesch huet déi zwee dorob opmirksam gemacht, dat sie déi Noricht net kennt gleewen, awer wann et denen zwee hiire Wonsch sollt sin, geng se hir Awellegung gin.

-          Si sollt Recht behaalen, well wéi eis zwee Jongen am Lager ukoumen, waren d’Fransousen fort (1.500 Fransousen hun den 6. Juli 1944 d’Lager verlooss). Deenen 155 Lëtzebuerger, déi déi Zäit am Lager waren, gouw d’Heemrees verweigert, well keng offiziell Demande vun eiser Regierong virlouch. Dass bei hinnen alleguerten d’Enttäuschung grouss war, an d’Moral um Nullpunkt ukoum, as zeverstoën. Vill hun der de Liewensmut verluer an hun d’Hémecht nët méi ërem gesin.

-          De Steichen Jos koum als Sanitäter an d’Lazarett, während de Pierre Bausch bei d‘ Mme Batura koum, d’Mam vun de Lëtzebuerger, eng Offizéiesch déi zoustenneg war fir d’Aptikt am Lager.

-          Duerno war de Jos nach eng Zäit an engem Aussekommando als Dolmetscher agesaat ier hien bis zur Hémrees am Refektoir séin Dingscht huet misse maachen.

-          Den 9. Mee 1945, nuets ëm zwou Auer koum d’Nouvelle, dass de Krich aus wär. D’Freed war grouss.

-          Den 15. Mee 1945 as dun den éischten Transport heem gaang. Partisanen a Franzousen, 40 Mann, dorënner 5 Lëtzebuerger. Si waren déi, déi och déi éischt Lëschte mat de Nim vun de lëtzebuergesche Gefaangene mat an eist Ländchen geholl hun. Hier Rees gong mat Schëff an Zuch iwwer Odessa, Marseille a Paréis, an den 6. Juni 1945 sin si zu Lëtzebuerg ukom.

-          Den 3. August 1945 as de Krankentransport Richtung Lëtzebuerg gefuer, hei wor den Pierre Bausch derbéi fir sech ëm déi Krank ze bekëmmeren. Dësen Trasport as iwwer Kiew, Bucarest, Budapest, Berlin, Bréissel op Lëtzebuerg gang, den 7. Oktober 1945 sin si an der Heemecht ukom.

-          De 26. September 1945 sin 530 Lëtzebuerger, ënner hinnen och de Jos Steichen offiziell aus dem Lager 188 entloos gin.

-          De 27./29. September, mëttes em eng Auer as et dun mam Zuch op déi laang erwaarten Héemrees gaang. Et war dëst dee leschten Gefangenentransport den zu Rada fortgaang as.

-          De 5. November 1945, moiës em 3 Auer as de Steichen Jos mat deenen anere Lëtzebuerger zu Lëtzebuerg op der Staadter Gaar ukom.

Erënnerunge bleiwen, verzeiën kann een, awer vergiesse kann een esou ëppes ni!

De Jos STEICHEN

Lëtzebuerger, Resistenzler, Zwangsrekrutéierten, Déserteur, Krichsgefaangenen, an trotzdem

- en iwwerzegten Europäer -.

De Jos Steichen ass mei Paetter, seng Schwester wâr meng Mamm Jeanny Steichen.

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: