Dezenz an Bescheidenheet
7.10.2017  ●  0 Kommentaren

 

​An de leschten Wochen sinn d’Leit an de Medien an an den sozialen Réseauxen mat Fotoen vun e sëllechen Gemengewahl-kandidatInnen op Vernissagen an Eröffnungen zougeschott ginn. Oft huet éen héieren oder gelies, dass et den WielerInnen op de Géescht géet, dass d’PolitikerInnen an d’KandidatInnen esou massiv op Eröffnungen präsent sin an an d’Kamera kucken oder Selfien schéissen. 

Et ass eng widdersprëchlech Geschicht :

- engerseits ass et verständlech, dass eng Kandidatin oder e Kandidat sech virstellt. Dât ass en Acquis vun engem demokrateschen System. en Acquis, déen mir als selbstverständlech hinhuelen, mée déen et net ass, an déen och ëmmer séier kann a Fro gestallt ginn. 

- D’Fro ass éischter : zielt d’Form oder den Inhalt? Leider gëtt éen net ëmmer méi iwwert d’Kandidaten gewuer, et wées éen herno just, wât se unhun.

Wât mir perséinlech mëssfällt, ass den Nombrilismus an den Eröffnungsrieden vun Schoulen an restauréierter Muerbelsmillen. Vill ze oft an ze lâng stellen PolitikerInnen, déi jo eigentlech just hir Aarbecht, fir déi se gewielt sin, gemât hun, sech an den Zentrum vun der Ried. Selbstlob a Selbs-beweihràucherung an engem ondezenten Ausmoos. 

Eng Frëndin aus engem Architektenbüro wonnert sech ëmmer erëm, dass d’AarbechterInnen, d’Botzfraen les éternels absents, nët nëmmen bei der Eröffnung, mée och an der Ried sinn. 

Schéine Week-end.

...
...

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: