Heeschekand ass net glaich Heeschekand
17.8.2017  ●  0 Kommentaren

 

An der Stad Lëtzebuerg war Troublement opkomm.Heescheleit setzen (haaptsächlech op der Gare) op den Trottoiren an halen d’ Hand op. A leschter Zäit hunn sie vereenzelt e Mupp dobäi. Op anere Plazen sinn Jugendlecher mat Lëschten op d’Leit duergaang an hunn Ënnerschrëften gesammelt am Numm vun enger Organisatioun aus dem Behënnerteberäich, déi näischt dovunner wées

An der Stroossbuerger Strooss an zu Bouneweg hunn obdachlos an suchtkrank Mënschen hiren Treff.

Dëst alles sinn natierlech traureg Erscheinungen, mä et sinn Tatsaachen, mat deenen een sech muss ausenanersetzen.

Et kann een elo higoen, an d’ Leit aus engem Quartier an en aneren verdrängen. Et kann een Sëtzgeleeënheeten op den ëffentlechen Plazen esou ëmbauen, dass keen sech méi kann dohinner leeën. Mee all dat sinn a mengen An falsch Léisungen, tape-à-loeil-Mesuren.

Eng europäesch Direktiv vun 2011 befaasst sech mat der Traite des êtres humains. An der Direktive geet fir d’éischte Kéier och riets vun der „mendicité organisée“. Dorënner faellt net den Akt vum Heeschen vun enger eenzelner Persoun, där et schlecht geet an déi freet fir eng Zigarette oder Suen. Ënnert d’Direktive faellt den Akt vum Heeschen wou Leit aner Mënschen dozou verleeden oder forcéieren fir ze heeschen. Dat ass en crime an déen gëtt als solchen verfollegt a bestrooft. D’Strofmooss ass méi héich wann d’Affer Kanner sinn oder vulnerabel Mënschen (z.b. krank oder behënnert Mënschen). Den Afferschutz ass en wichtegen Deel vun der Direktive. Schliisslech kann den Mënschenhandel nëmmen dann  mat Erfolleg bekämpft ginn, wann d’ Affer sech a Sécherheet spiren an den Menacen oder der Gewalt vun de Kriminellen net ausgeliwwert sinn.

An der Sozialkommissioun vun der Gemeng hun ech zesummen mat VertriederInnen vun der LSAP fir sozial Mesuren plaidéiert déi en kloeren Ennerschéed mân tescht mendicité forcée an der Präsenz vun Mënschen déi aus der Gesellschaft erausgeklommen sinn. Dës lescht Genannten huelen elo déi Servicer an Usproch, déi ganz rezent opgang sinn an Zesummenarbecht mat InterActions, Croix-Rouge an Caritas. Dëst sinn déi opportun Entwerten fir de Mënschen, déi aus dëser oder där Ursâch aus der Gesellschaft erausgefall sinn, eng Hand ze réechen. 

Mat den SozialarbechterInnen an den Streetworker gëtt, op eng diskret an professionnell Art a Weis, mat de Mënschen geschafft. Dës Strukturen brauchen d’Ennerstetzung vun der Gemeng Letzebuerg. 

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: