Impulser fir eng engagéiert Sozial-Politik
23.9.2017  ●  0 Kommentaren

 

Dr. Seligmann, Dr Pervez, M. Schaaf, Mme. Mutsch, Mme. Kridel
Dr. Seligmann, Dr Pervez, M. Schaaf, Mme. Mutsch, Mme. Kridel
E puer MataarbechterInnen vum Service Impuls
E puer MataarbechterInnen vum Service Impuls

En Freideg sinn zu Ettelbreck op Nummer 4 an der Groussgaass, d’Bureauxen vun 2 Servicer vun Solidarité Jeunes offiziell ageweit ginn. En présence vun der Madame Lydia Mutsch, an hirer Qualitéit als Gesondhéetsministesch an den Responsabelen vun der Gemeng Ettelbreck, den Hàren Schaaf an Halsdorf.Den Service Impuls ass eng Kontaktplâz fir jonk Leit, déi, iwwert kurz oder lâng, an Kontakt mat illegalen Drogen sinn. Niewt Gespréicher, déi d’Haltung zum Drogenkonsum sollen änneren, bidde mir den Programm Choice un. Hei können Jonker, déi duerch hiren Drogenkonsum an Konflikt mam Gesetz komm sinn, eng Entschéedung treffen, wou et dann elo soll higoen…..Kriminaliséiertung, Prisong,....oder….. Net all Asâz ass en Erfolleg, wësse mer jo, dass d’Jalonen fir Suchtverhâlen schons an den 1ten Joeren vun engem Kand gesât gin. An, net ze vergiessen, den Handel mat illegalen Drogen, ass éent vun déenen lukrativesten Geschäfter (niewt Waffen- an Mënschenhandel) op der Welt.

D’Haus 13 bidd seng familjentherapeutesch- a Berodungsarbecht un.

Déi 2 Servicer léeschten hir Aarbecht mat groussem Professionalissem. Dât ass gudd esou. Solidarité Jeunes an hir Servicer sinn prett fir weidder am Sënn vun den Usageren kompetent Sozialarbecht unzebidden.

D’Reimlechkéeten zu Ettelbreck déele mir mat der Alupse, en Service déen virun villen Joeren vum Pediater Roland Seligmann gegrënnt gouw, fir géint d’Gewalt géint Bébéen an Kanner ze schaffen.

 

Michèle Kridel, Directrice générale Solidarité Jeunes
Michèle Kridel, Directrice générale Solidarité Jeunes

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: