Quartiers-entwecklung fir Zéisseng an Gasperech
4.10.2017  ●  1 Kommentar

 

​De Ban de Gasperech ass just de Géigendéel vun onser Vue vun Stadentwecklung: “First people, then spaces, then buildings”.

Wann mir an der politescher Verantwortung an der Stad sinn, wëlle mir eng nohalteg Stadentwecklung, am Dialog mat de BiergerInnen, mam Fokus op d’Liewensqualitéit vun de Kanner an den Erwuessenen. Hei e puer konkret Mossnahmen, déi  mir an dësem Kontext wëllen mat iech diskutéieren an ëmsetzen :

- den Duerchgangs- oder Schleichverkéier ënnerbannen

- Langzeitparken fir non-résidents verbidden

- Vélos-wéer méi sëcher mân

- 30km/h Limit duerchsetzen, siew et mat soft power oder mat Geldstrofen

- en Lärmschutzwall lânscht d’Autobunn opriichten

- Veröffentlechung vun der Zuel vun den autoriséierten Nuetsflich, mat der Begrënnung vun der Erlâbnis, an dëst all Mount

- Miessungen vun der Verschmotzung vun der Loft, dem Wasser an dem Buedem, zu Zéisseng an zu Gasperech

- den Eenzelhandel entweckelen

- méi bezuelbaren Wunnraum

- Terrainen tescht Autobunn an Wunnquartieren ausbauen als Zone de récréation an Parkanalagen

- eng kommunal Crèche zu Zéisseng

First people, then spaces, then buildings!

Eis KandidatInnen fir Zéisseng an Gasperech
Eis KandidatInnen fir Zéisseng an Gasperech

 





Kommentaren

Vun: Pia Jungblut ép.Diallo, den 5.10.2017 ëm 22:03 Auer

Bonne chance fir e Sonndeg!








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: