Um Siechenhaff. Erënnerung un d’Commune de Paris
1.5.2017  ●  0 Kommentaren

 

​Léiw Frenn,

D´Commune de Paris ass och haut nach e Symbol vum Striewen vun de Menschen fir eng gerecht Gesellschaft, eng partizipativ Gesellschaft, wou Fraen  a Männer gleichgestallt sinn am Zougang zur Bildung, zur Gesondheet an zu enger Aarbecht, fir dei e gerechten Loun bezuelt gett

Den historeschen Episod vun der Commune de Paris féiert eis virun An déi permanent Ausenanersetzung tescht gesellschaftleche Kräften, déi den materiellen a geeschtegen Reichtum wéllen breedstméiglech verdéelen an áneren gesellschaftlechen Pouvoiren, déi sech
selwer oder dem groupe familial  e gréisstméiglechen materiellen Reichtum zougestinn, ouni Rücksicht op Verloschter fir hir Matbierger an Matbiergerinnen.

An all Zeitepoch fannen des Auseanersetzungen statt, emol méi friddlech, awer leider ganz oft gewaltsam, bluddeg, déidlech an grausam.

Déi Ausenanersetzungen fannen emmer erem op en Neits statt. Och wann le choix des armes tescht den betraffenen Parteien méeschtens disproportionéiert ass. Et kéint éen elo vun haut aus gekuckt soen,et wär naiv gewiescht vun de Communarden, sech der grousser Macht vun den
Versallais an den Preisen entgéint ze stellen. Mé dann stellen ech d´Fro : wär den Generalstreik géint den Naziregime am August 1942 zu Letzebuerg och naiv ? Wéi war et méiglech, dass sech e puer Letzbuerger a Letzbuegerinnen der nazistescher Militär- an Propagangamaschinn esou déterminéiert entgéint gestallt hun ?

Politesch a sozial Prozesser hun hir éegen intern Logik, déi sech aus dem historeschen Kontext ergett. Mé, an dát ass menger Méenung no, d´Háptursach vun sozialen Bewegungen : wann den éenzelnen Mensch sech a senger Dignitéit emmer erem vergewaltegt spiert an him vun déenen, déi (op vermeintlech oder wirklech) d´Soen hun, eng Unerkennung versot bleiwt, dann kennt et iwwer kurz oder láng zu gewaltsamen Ausbrech.

Et ass fir eis haut eng Erausfuerderung ze gesinn an ze verstoen, wou d´Dignitéit vun Menschen an eisem Emfeld verletztgett. Welle friddlech können d´Menschen nemmen dann zesumme liewen, wann déem enge seng Freihéet do ophellt wou déem aneren seng ufenkt.

D´Communarden, Fraen a Männer, wollten fir hir Arbecht en gerechten Loun, sie wollten eng Wunnengt, an Accès zu Bildung, Matbestemmung an Gesondhéetsservicer.

Enn vum 19ten, Ufank vum 20ten Joerhonnert hun d´Menschen zu Letzbuerg  eng gewalteg Ustrengung gemát fir sech vis-a-vis vun de Risiken vun Krankheet, Arbechtsakzident, Alter ofzesecheren. D´Arbechter an d´Arbechterinnen waren d´accord en Déel vun hirem moeren Loun ofzegin un d´Sozialversecherung. Eng formidabel Leeschtung an eng Illustratioun vun kollektiver Intelligenz. D´Gestioun vun der Sozialversecherung ass zesummen mat den Employeuren an dem Staat opgebaut gin. 

Par rapport zu den Sozialversecherung ginn et haut grosso Modo déi 2 Astellungen, wéi ech se virop beschriwwen hun: op der enger Seit hu mer d´Iewen vun de Pionéier, déi den Sozialstaat wellen hálen, upassen an ausbauen. An op der anerer Seit hu mer Stemmen, déi probéieren, d´Avantagen vun privaten Léisungen ze promouvéiren. Obschons, ech hun nach keen Beispill op der Welt gesinn wou privat Sozialversecherungen zu enger
Ofsecherung vun der Majoritéit vun der Populatioun, siew dann vun de Schaffenden, gefouert huet. Mé ech sin gaeren bereet mech enges Besseren beléieren ze lossen. Ganz domm soll eent jo net stierwen.

An der Brochure „Luxemburg und die Commune von Paris“ schreiwt den Camille Kieffer 1971 : „die 2te Auflage der Kommune fand anlässlich des französischen Widerstands 1940-1944 statt, wo man die gleiche Teilung in zwei Lager feststellte : einerseits Republik und Freiheitsdrang, andererseits Vichy und konservativer Geschäftssinn, Defaitismus und die feige Brutalität des Fanatismus.

Zur Zeit vun der Kommune gett geschätzt dass ronn 15000 Letzebuerger an Letzebuergerinnen zu Paris geliewt hun. Letzebuerger
sinn op Paris oder áner Plázen an Europa gángen an der Hoffnung op en bessert Liewen oder soll éent soen, Iwwerliewen. Hir Präsenz zu Paris, grad esou wéi dat bescheident an symbolescht Monument wou mir de moien stinn,  témoignéieren vun den Migratiounen vun den
Menschen.

Den Driww zu engem besseren Liewen, siew et opmateriellem Plang oder aus aneren Ursachen zéechent de Mensch aus  Sech Nidderlossen aoder, de Revers vun der Medaille, Fortgoen spiegelen déi déiw menschlech Besoinen no Secherheet resp. anFlüchten virun Onsecherheet. Et leisst éen sech do nidder, wou en kann zur Rou  kommen a wou en Gefill vun Ukommen a vun Sech-Doheem-Spiren opként. Et géet een do fort wou d´Iwwerliewen a Gefor ass a wou éen ausgegrenzt a friem ass.

Den Besoin no Secherheet ass en Grondbedürfnis,vum Individu an vum menschlechen Group.

Den Bébe brauch um Ufank vu sengem Liewen Erwuessener ronderem sech, déi him ze iessen an ze drenke ginn, déi him emotionell Gebuergenheet gin. Duerno eléischt kann d´Kand d´Baussenwelt erfueren. A je gréisser sein Secherheetsgefill opgebaut gouw, desto oppener kann et mat der Emwelt emgoen. Wann d´Kand sech máns genug spiert fir an d´Welt, dann sinn Leit ausserhalb vu senger Famill keng Bedrohung, mée sie ginn him Geleenheet  áner Liewenswelten kennen ze léieren. Eléischt dann kann et seng Erfarungen man an a senger Zeit liewen. Ouni Nostalgie a mat Zouversicht.

Politikerinnen a Politiker kommen heiansdo, an dát ass eng schwiereg Situatioun, an eng ähnlech Roll wéi Elteren. Bierger a Biergerinnen wellen vun hinnen materiell a politesch Secherheet zougesechert kréien.

Ass dát métlgech ? Kann 1 aleng oder 1 Eenzelnen mat sengme politeschen Netzwierk dauerhaft materiell an politesch Secherheet garantéieren. Née, secher net* d´Léisung leit enzwousch ánescht. Sie leit do wou d´Communarden se gesicht hun : an enger Gesellschaftsform, wou, wé et fir d´Elteren gegollt huet, den Individu geschützt gett, wann en a Gefor ass. Awer nach méi leit d´Léisung dodrann, dass d´Gesellscahft Insitutiounen schaft, déi erméiglechn, dass den Individu kann wuessen an Selbstverantowrtung iwwerhuelen.

Dát well vliet den Een oder Aneren net héieren. Verschidden Matbierger a Matbiergerinnen géiwen hir Eegenverantowrtung liichtfankesch opgin. Mée dat kann keng Optioun sinn fir Demokraten.

D´Institutiounen vun enger demokratescher Gesellschaft schaffen dorobshin, dass d´Menschen, als Individu an als mündege Bierger a Biergerin gestärkt gin. Esou dass den Individu Ménschen ronderem sech an ausserhalb vun de Landes- Grenzen oder Menschen aus áneren Kulturen net als
eng Bedrohung erliewt, mée als Partner bei der Sich no gemeinsamen Léisungen fir gedéelten Frostellungen. 

Ech soen Iech Merci.

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: