Vun jéiden, kroomen a kappen
6.8.2017  ●  0 Kommentaren

 

.
.

​Als Kand wâr et eng Fréed fir mat menge Cousinen a menger Tata op d’Feld ze goen an d’Geméis ze kroomen mat déem mir op der Stâdter Mârt gefuer sin. Ech hu mech zwaer e bësschen geschumt wa mir mam Trakter an d’Stâd gefuer sinn, mé d’Fréed an de Virwelz wâre méi grouss wéi d’Schimmt. Et wâr schons en Erliewnis als Kand fir d’Ambiance vum Stâdter Mârt ze erliewen. D’Gromperen am Siechter ze verkâfen, d’Wuerzelen an der Bott, mat oder ouni Geléefs, d’Spargelen aus der éegener Produktioun. Ech gestinn, e groussen Déel vun mengem déemolegen Wëssen ass net méi op mengem Hard-disk gespeichert.Haut erliewt de privaten Gaart en revival, den Coin de Terre et du Foyer huet Warteleschten vu Leit, déi eng Parzell wëllen bewirtschaften. Verschiddener probéieren sech am Jardin communautaire déi néideg Gärtneschkenntnisser unzeéegnen.

Ass et nach Zeit, d’Natur an Emwelt ze schützen ? Ass et realistesch wëllen am Agrar- an Naturbereich Aarbechtsplâzen ze entweckelen? Dozou 2x JO!

 





Kommentaren








Ech ginn dem Ginette Jones meng Stëmm well: